TDA/H Trouble déficit de l’attention / hyperactivité Petit guide pour enseignants et parents Cette brochure explicative en français, allemand et anglais, donne un aperçu sur ce qu’est le TDA/H et …
Trau dech nozefroen, wann s de eppes net richteg verstanen oder matkritt hues. An der Schoul an doheem!
Bei den Hausaufgaben oder beim Léieren, deel der alles a kleng Schrëtt oder Portiounen an, a beloun dech wann s du et geschafft hues.
Maach deng Hausaufgaben ëmmer op enger roueger Plaz wou näischt dech oflenkt!
Wann s du auswenneg léiers, da géi an däin Zëmmer oder d’Trapen op an of a so der et haart fir! Esou verhäls du et besser.
Maach mam Enseignant of, dass du d’Tafel ofmaache kanns oder eng Kéier duerch de Gang däerfs goen, ouni Kaméidi, wann s du net méi roueg sëtze bleiwe kanns!


