Kontrolléier ob s du Déngwierder ëmmer grouss geschriwwen hues an och déi Wieder no engem Punkt.
Kontrolléier ob s du déi selwecht Wieder ëmmer d'selwecht schreifs.
Stell e Korrekturprogramm op dengem Computer an, deen déi falsch geschriwwe Wieder ënnersträicht. Du kanns dann déi Wieder nosichen, verbesseren an no a no besser verhalen.

