Benotz kuerz, einfach Sätz!
Benotz en Dräieck op dengem Bläistëft oder dengem Bic fir e besser an d’Hand ze huelen.
Bei den Textrechnungen, ënnersträich dat wichtegst am Text éier s de ufänks ze rechnen! Kontrolléier ob s du dat gerechent hues wat gefrot ass!
Üb däin 1×1 all Dag 5 Minutten doheem andeems du a Beweegung bass.
Maach deng Tafelrechnungen ëmmer op engem strukturéierte Blat.
Markéier dir de + oder de – faarweg, fir dass de se net verwiessels! Kontrolléier dann deng Rechnung.
Kontrolléier ob s du Déngwierder ëmmer grouss geschriwwen hues an och déi Wieder no engem Punkt.
Kontrolléier ob s du déi selwecht Wieder ëmmer d'selwecht schreifs.
Stell e Korrekturprogramm op dengem Computer an, deen déi falsch geschriwwe Wieder ënnersträicht. Du kanns dann déi Wieder nosichen, verbesseren an no a no besser verhalen.

