Back

RTL | Kloertext: Léieren, mat Dys-en ze léieren!

De Prënz Louis konnt bis 10 Joer net liesen an hat e laange Leidenswee als Dyslexiker! Seng Mamm, d’Grande-Duchesse, wëll elo opklären an Tabue briechen.

Et gëtt Kanner, déi sech schwéier di mam Léieren an déi ugebuere Léierschwieregkeeten hunn, déi ouni Therapie net ze meeschtere sinn.
Wat feelt zu Lëtzebuerg fir besser Präventioun a Behandlung? Temoignagen an Äntwerten och vun der Grande-Duchesse, als Mamm vu engem Kand mat Dyslexie!

De Samschdeg, 30. Januar 2016 ass den 1. nationale Forum iwwert sougenannt “troubles d’apprentissage” mat Virträg a Workshope vun nationalen an internationalen Experten. Geduecht ass de Forum fir e Public vu Professionellen, virop aus dem edukative Beräich, a concernéierte Leit natierlech.

Eng dreiwend Kraaft hannert deem Forum ass d’Grande-Duchesse. Si ass extrem motivéiert an dat och aus perséinleche Grënn. Am Virfeld vun der Sendung hu mir en Interview mat hir opgeholl, an éier mir an der Ronn diskutéieren, kucke mir ons deen zesummen un!

Invitéiert waren:

 Mario Huberty
President Dysphasie.lu
Papp vun engem Jong mat Dysphasie

 Daniela Kirch
Léierin
Mamm vun engem Jong mat Dyslexie

 Pascale Engel de Abreu
Psychologin a Professeur associée Uni Lux
Fuerscht un neurologeschen Entwécklungs-Stéierungen a Multiliguismus

 Cathy Mangen
Direktesch SCAP
Service fir Psychomotoresch an Opmierksamkeetssteierungen

 Diane Marx
Léierin a Sonderpädagogin
Huet zu Beetebuerg Leier-Zentre geschafen