Wann s de um PC oder um iPad lies: vergréisser den Ofstand tëscht den Zeilen
Probéier beim Liese mam Fanger nozefueren oder maach der eng Lieshëllef.
Versich beim Sëtzen ëmmer zwee Féiss um Buedem ze hunn an ze spieren.
Plang deng Beweegung am viraus an deem s du dir dës Froe stells: Wat wëll ech maachen? Wéi erreechen ech dëst Zil am beschten? Ech maachen d’Beweegung. Wéi huet et …
Trau dech nozefroen, wann s de eppes net richteg verstanen oder matkritt hues. An der Schoul an doheem!
Bei den Hausaufgaben oder beim Léieren, deel der alles a kleng Schrëtt oder Portiounen an, a beloun dech wann s du et geschafft hues.

